News     Guestbook     Gallery     Links     Intern
Comité     Training     Classement     Resultater


News


Finale Coupe Dames (17.01.2010)
Den Dësch-Tennis Ruedt/Syr wënscht fir d’alleréischt all sénge Memberen, Éirememberen, Sponsoren, Gënner an allen Awunner aus der Gemeng Betzder, alles Beschtes fir dat Neit Joër, Gesondheet a Erfolleg fir 2010.

Mir hun ausserdeem de Pleséier Iech häerzlech anzelueden fir

d’FINALE

vun der

COUPE DE LUXEMBOURG – DAMES

RUEDT – NIDDERKÄRJENG

déi Sonndës de 24. Januar 2010 um 1900 Auer an der Sportshaal zu Ruedt/Syr stattfënnt.
Den « Entrée » ass fräi.
Kommt sou vill wi méigléch eis Équipe ënnerstëtzen.
Mir soën Iech duerfir schons am Viraus MERCI.




Mir erlaaben eis zu allerlescht Iech em eng finanziell Ënnerstëtzung fir eise Veräin fir d’Joër 2010 ze bieden.

Mir spillen fir de Moment mat 11 Seniorséquippen (kee Veräin am Land huet der esou vill), mat 5 Minimséquippen a mat 2 Cadetséquippen, ouni vun eiser Dammenéquipe ze schwätzen.

Eis zwou Spillerinnen Danielle KONSBRUCK an Annick STAMMET schreiwen fir de Moment Schlagzeilen an der Press.

Si waren 2 vun 96 Spillerinnen aus der ganzer Welt déi un de Junioren-Weltmeeschterschaften zu Cartagena a Kolumbien hun deelhuelen dierfen, a si hun do absolut net dementéiert.

Och anerer vun eise Jugendspiller sin a verschiddenen Nationalkaderen vertrueden.

All dat kascht Geld, well ouni Training a bezuelten Trainer sin esou Reslutater net méiglech.

Mir wiren duerfir frou wann Dir eise Club mat enger finanzieller Hëllef kéint ënnerstëtzen.

Och duerfir soë mir Iech schons villmools MERCI.

Äeren dankbare comité vum Dësch-Tennis Ruedt-Syr :

Sinner Rhett, Braun Leo, Konsbruck Viviane, Hermann André, Schiltz Arlette, Fries Misch, Kremer Steve, Jankowoy Jean, Houdremont Tom, Scheckel Marc



Nickname: 
Comment:  
    npjzrzwafrm:    4HwnS5 <a href="http://lgyvmijknsjd.com/">lgyvmijknsjd</a>, [url=http://fhbzgkvtdiiq.com/]fhbzgkvtdiiq[/url], [link=http://jshxwunnlpze.com/]jshxwunnlpze[/link], http://rzqguwsyxwjv.com/
    RmXLujSRexErBkOgrS:    Z3ag1L <a href="http://tgnjjlopfslz.com/">tgnjjlopfslz</a>, [url=http://zioimkihoruf.com/]zioimkihoruf[/url], [link=http://axwpbfsjgovl.com/]axwpbfsjgovl[/link], http://gbgdpsmydrre.com/
    TqwYpFStgIr:     <a href="http://www.arkcalledearth.org/">cialis</a> [url="http://www.arkcalledearth.org/"]cialis[/url] http://www.arkcalledearth.org/ cialis 448
    ncyirrjqupk:    Z9whkx <a href="http://acwymzniancl.com/">acwymzniancl</a>, [url=http://glqgvwoppbjb.com/]glqgvwoppbjb[/url], [link=http://yctwrxolpnix.com/]yctwrxolpnix[/link], http://cvbqavgiqeft.com/


Shout it!
Numm:
Text:



Marcel says:
Bravo Ruedter Dammen!! Eng 2.Plaaz an der Coupe ass schon eng fantastesch Leeschtung:)
Alex says:
Wär frou, wann d'Equipenopstellungen rem kéinten aktualiséiert gin, besonnesch fir déi di net all Mettwoch kennen um Training sin. Merci
DT says:
Glecklech de Club mam Popst
Carlo says:
Och dest Joer nees Christmas Training Camp vum 21. - 23. Dezember. Umelle bis de 7. Dezember, et sinn nach puer Plaze fräi...
Janko says:
Deen Club ass genial ;) kanns mer jo een nennen deen besser ass :P
Den Popst says:
deen club ass scheiss
RUDY says:
E klengen Test op dës nach fonktioneiert. Merci
Patrick says:
Merci villmols, krut och schon eng Email geschekt :-)
Jang says:
@ Patrick Hun deng E-Mail Adress weider gin :)
Patrick says:
Bonjuer, ech geif eventuell gaeren an den Deschtennis verain op ruedt kommen, an wollt froen wei a wou ech mech kann umellen? Meng email ass: adpetzum@hotmail.com